Kleeder mat engem Extraen Touch an engem méi déiwe Message.

Business News 07.05.2025

Dëst Joer steet déi drëtt Editioun vum Fair Fashion Lab ganz am Thema Fairtrade Cotton Power fir d'Kottengsproduzenten ze éieren. 
 
Am Kader vun der Campagne "Rethink your Clothes" wëllen si op eng fair Hierstellung vun Kleeder an op de Schutz vun de Produzenten opmierksam maachen. Et ass en duebelt Engagement quasi. 
 
5 lëtzebuergesch Artisten aus der Textilbranche, dorënner Artiste vun der Broderie um Kräizbierg, hunn sech zesumme gesat an eng Kollektioun mat 18 Deeler fir grouss a kleng entworf. Donieft hunn och Jonker aus der Maison des Jeunesse vu Betzder aktiv beim Projet matgehollef. 
 
All d‘Stécker kann een ab dem 24. Abrëll 2025 a lokale Butteker fannen. Gitt op Rethink.lu