Et gëtt eng praktesch Neiegkeet fir d'Mierscher Gare.

Vu muer un (15.05.2025) kënnen d’Leit déi mam Zuch ënnerwee sinn an e fonkelneien CFL Cactus Shoppi goen. Deen ass am rezent renovéierte Gebai vun der mierscher Gare, wou et och gratis „CFL Free WiFi“ gëtt.
Hei soll et eng modern Offer fir Liewensmëttel ginn: Gesat gëtt op lokal Produiten fir Moies- a Mëttegiessen, och fir matzehuelen.
Vu moies 6 bis owes 7 ass de CFL Cactus Shoppi op der mierscher Gare op, just sonndes ass zou. Gitt och op cfl.lu a cactus.lu.