D'Gemeng setzt de Fokus op Sport a Beweegung
Wann dir och Loscht hutt är sportlech Limitten auszetesten, da gitt op Cliärref kucken!
D'Beweegungschallenge vun der Gemeng Cliärref bitt eng grouss Panoplie u Sportsaktivitéiten, wéi Basketball, Trape-lafen a Wanderen. An dëst mat verschiddene Schwieregkeets-Niveauen.
Zesumme mat der Sportskommissioun an de lokale Sportsveräiner invitéiert d’Gemeng Cliärref op déi grouss Bewegungschallenge. Dëst am Kader vun der Campagne „Fir méi Sport a Beweegung – Cliärref 2025“.
Vum 14. bis den 22. Juni 2025 ka jiddereen vun 12 Joer un deelhuelen. A mat e bësse Gléck kann een dann och nach ee Reesbong am Wäert vun 2000€ gewannen. Offréiert vun der Gemeng Cliärref a Voyages Emile Weber.
All Detailer fënnt een op clervaux.lu.