D’Abonnente vun TANGO, déi sech fir kënschtlech Intelligence intresséiere kënne sech gratis e Perplexity PRO Abo maachen.

Business News 28.05.2025

Tango offréiert senge ronn 285 000 Clienten 12 Méint gratis e Pro-Accès fir déi kënschtlech Intelligenz “Perplexity”, wat enger Valeur vun 229€ entsprécht.

Mat der Aktioun wëll Tango den Accès op d’Technologie demokratiséiere fir datt jiddereen d’Virdeeler notze kann.
Perplexity ass e sougenannte "Large Language Model", änlech ewéi ChatGPT mat deem een chatte kann.

Perplexity kann dann och d’Sourcen ugin, déi benotzt goufe fir Äntwerten ze generéieren.

D’Tango Cliente kréien en Aktivéirungscode geschéckt, an dat ouni eng Kafobligatioun.

Avis aux amateurs also op tango.lu a perplexity.ai.