Gitt nach eng leschte Kéier laanscht

D'Gebai vu Meubles Mich-Gillen huet zanter Éiwegkeete schonn d'Vue vun der Stroossbuerger Strooss an der Stad gepräägt.

Viru ronn 100 Joer nach als Bau- a Miwwelschräinerei zu Hollerech, vum Jos Mich a Justin Gillen gegrënnt ginn, hunn si sech an de 50er Jore vun der Hierstellung vu Miwwel an der eegener Schräinerei, op den Import a Verkaf vu fäerdege Miwwelen ëmgestallt.

Zäitgläich gouf och d'Ausstellungsfläch e puer mol erweidert, esou datt dunn dat Miwwelgeschäft draus gouf, wat mir haut kennen.

Nëmmen e puer Joer méi spéit, am Joer 1963, goufe si Member vum Akafsverband "Europa-Möbel"

Ma elo no elo 102 Joer Bestoen, ass fir Meubles Mich-Gillen d'Zäit komm, seng Dieren an den nächste Méint fir ëmmer zouzemaachen.

Si soen nach eng leschte Kéier Merci fir d'Vertrauen, dat hier Clienten hinnen an de verschiddene Generatioune geschenkt hunn.

Besicht si och elo nach eng leschte Kéier a profitéiert vun eemolegen Aktioune vu bis zu 65%!

Fir méi Informatiounen an Ëffnungszäite kuckt op www.mich-gillen.lu.

04/06/2025 Business