D'Campagne vum House of Cyber Security steet ënnert dem Patronnage vum Wirtschaftsministère.

An dësem Business News schwätze mer iwwert eng nei Campagne déi dëse Summer 2025 lancéiert gëtt. Den Nico Thielen hat an dësem Kader mam CEO vum House of Cyber Security Pascal Steichen am Interview.

D'Campagne dréint sech ëm all Forme vun Arnaquen, sief et iwwer Telefon oder och am Internet. Zesumme mat Wirtschaftsministère hunn eng sëllegen Acteuren aus dem Secteur dës Campagne op d'Been gesat.

Den Haaptmessage vun der Campagne ass, wann een Affer vun enger Arnaque ginn ass, et ze mellen. Cyberfraud.lu ënnerstëtzt d'Leit hei a weist déi richteg Ulafstellen. 
 
Lauschtert hei den Interview hei.

Business News 06.06.2025 Interview mam Pascal Steichen, CEO vum LHC