D’Rubbellouse vun der Loterie Nationale feieren dëst Joer hire 40. Gebuertsdag

Zanter dem Start 1985 goufe méi wéi 300 Milliounen Tickete verkaaft a bal 400 Milliounen Euro goufe bis elo un d’Gewënner ausbezuelt.

D’Offer huet sech an de Joren och wäit entwéckelt - Aktuell si 16 bis 17 verschidde Rubbel-Spiller am Ëmlaf.

Mat Klassiker wéi dem „Piccobello“ oder „Année Magique“, goufen och Gewënner op de Plateau vun RTL invitéiert.

Zanter 2008 ginn et d'Rubbellousen och am online-Format.

Besonnesch populär ass am Dezember och de Rubbel-Kalenner, dee mat sengen 31 Fënsteren, Gewënnméiglechkeeten vu bis zu 50.000 € ubidde kann.

Wéi bei all anerem Glécksspill vun der Loterie Nationale, geet och bei de Rubbellousen, all Benefice un d’Œuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte – fir sozial, kulturell an ökologesch Projeten hei am Land z’ënnerstëtzen.

Zanter 1945 sinn esou 543 Milliounen Euro an d’Philanthropie gefloss.

04/06/2025 Business