Och mat eegener Fairtrade Mark "Designed in Luxembourg"

Asport ass schonn zanter 25 Joer de beschte lokale Partner wann et ëm t de professionellen Textildrock, Vereedlung vun Textilien a Personaliséierung vu Produite geet.

An dat alles an hirer in-house Produktioun zu Angelduerf, esou datt si mat hirer Ekipp vun 10 Leit, séier, flexibel a regional ofliwwere kënnen.

Op Siebdruck, Serigraphie, DTF, a vill méi : 
Hei ginn et fir egal wéi e Stoff quasi keng Limitten. 
 
Ideal fir Trikote a Kleedungsstécker vu Veräiner, Verbänn, Schoulen, Entreprisen oder awer och fir de Privatgebrauch, wéi Gebuertsdeeg oder Jonggesellenabschider.

Eng ganz grouss Auswiel u Marken an Textil Fournisseuren erwaarden Iech, dorënner och vill Fairtrade an nohalteg Marken.

Och ënnert anerem déi eege Fairtrade Mark  „Designed in Luxembourg“ déi an Indie fair produzéiert gëtt.
Design ass och nach e gutt Stéchwuert, well och ëm den Design vun Ärem Kleedungsstéck ka sech den Asport këmmeren.

Mellt Iech beihinnen op info@asport.lu oder frot einfach an de Geschäfter no!

25/06/2025 Business 13h40