Am Seminär vum Frank Maas vum ACL kritt dir praktesch Infoen iwwert de perfekte Choix vum Elektroauto.

Beim ACL ass dëse Samsden d'Journée Conseil ronderëm d’Elektromobilitéit an Energie.

Den Dag iwwer kritt een eng Rei un Informatiounen iwwert d‘Elektroautoen an iwwert d’Opluet-Statioune gebueden. Et kann een sech och direkt mat den Experte vum ACL austauschen. Bei de verschiddenen Exposant kann een dann och eng Selektioun vun Elektro Autoen entdecken an testen. Moies ass och eng Infosession mam Frank Maas vum ACL zu deenen Themen. Dofir soll een sech am viraus umellen.

Dëse Samsden de 5. Juli 2025 vun 10 moies bis 4 nomëttes beim ACL zu Bartreng.

All d’Infoen an d’Umeldung fir de Seminär fënnt een op acl.lu

Business ACL