De BTS Media Writing feiert 10 Joer

Fir sech unzemelle brauch een e Lycéesofschloss an eng Virléift fir Sproochen, d'Course sinn op lëtzebuergesch, franséisch, däitsch an englesch.
De BTS Media Writing vum Lycée classique de Diekirch feiert dëst Joer 10 Joer! No dëser Formatioun vun 2 Joer huet een dann e BTS, also e Brevet de Technicien Supérieur, dee ganz no un der Beruffswelt läit. D‘Schwéierpunkte leien um informativen a kreative Schreiwen, Schwätzen a Filmen.
De BTS mécht d‘Dieren op fir journalistesch a kreativ Medieberuffer wéi Copywriter. De Sousdirekter vum LCD, Claude Moyen ass frou, datt de BTS sou no un der Beruffswelt läit, wat sech och beim Erfolleg vun de Schüler bemierkbar mécht:
„Externer aus der Medie Welt gi bei eis d’Coursen an eis Schüler kommen definitiv ënner: 90 % vun eise Schüler fannen e Beruff, do wou se wëllen an der Mediewelt.“
Wann dat Iech oder een deen dir kennt kéint intresséieren, da lauschtert de ganzen Interview hei:
D’Umeldunge fir de BTS lafen, all d'Detailer ginn et op mediawriting.lcd.lu.