Orange Lëtzebuerg presentéiert déi nei App ‘Hello eSIM'

Orange lancéiert „Hello eSIM“ a revolutionéiert domat d’Connectivitéit zu Lëtzebuerg an ënnerwee!
„Hello eSIM“ revolutionéiert d’Connectivitéit zu Lëtzebuerg an ënnerwee! Domat kann een eng eSIM zu Lëtzebuerg an am Ausland ganz einfach aktivéieren – ouni an e Shop ze goen oder e QR-Code ze scannen. Egal ob ee bei Orange Client ass oder net, d’App vereinfacht d’Aktivéierung vu lokalen an internationalen Nummeren.
Besonnesch praktesch an der Vakanz: Et kann een an iwwer 100 Länner gënschteg Date-Packagen buchen, bezuele kann een zum Beispill mat ApplePay. ‘Hello eSIM’ passt sech dem Liewen un a bitt d’Fräiheet, ëmmer an iwwerall verbonnen ze sinn. Et fënnt een d’App elo am App Store oder bei GooglePlay.
