Dëse Weekend ass de BD Festival Contern, en Traditiouns Rendez-vous.

Um BD Festival Contern gëtt et Comics, Zeechnunge bis Autogrammstonnen, kuerz alles ronderëm d’Thema bande dessinés am wäitste Sënn.

Dëse Weekend ass et schonn den 31. BD Festival Contern fir all Comic- a Manga-Fans. Mat dobäi 50 international an 10 lëtzebuergesch Auteuren, a ronn honnert Comic-Aussteller.

Et gëtt eng grouss Comic-Parad an ofwiesslungsräiche Catering vu lokale Veräiner. De richtegen RDV fir d’Fans oder och fir déi ganz Famill! Net verpassen, dëse Weekend!

Méi Informatioun fënnt een op bdcontern.lu

18/07/2025 Business
RTL