Är Baufirma vu Péiteng:ALLEVA FRÈRES feiert 60 Joer

IPL
Zanter 60 Joer leeschten si eng zouverlässeg Arbecht am Bausecteur.

01/10/2021 Business News

Am Joer 1961 huet den Antonio Alleva a sai Brudder Mario zu Péiteng hier Baufirma ALLEVA FRÈRES gegrënnt an dëst Joer feieren si hir 60 Joer!:

Mëttlerweil ass ALLEVA FRÈRES S.A. am Bausecteur am ganze Land e Begrëff.
Nieft der Constructioun, der Renovatioun oder der Vergréisserung vu Eefamilljenhaiser, Villa’en a Résidenzen, sin si och um gewerblëchen Terrain aktiv, wéi zum Beispill am Bau vun industriellen oder landwirtschaftlechen Halen.

Iwwert d’Joren huet Alleva sech vill moderniséiert, an ausgebaut a gehéiert bis haut zu enger vun den Top-Adressen am Land wann et ëm d’Baue geet.

An dem Sënn wënsche mer all Guddes fir de Gebuertsdag! Méi Informatiounen fannt Dir op alleva.lu .

alleva.lu

Back to Top
CIM LOGO