
Vun elo un kënne Clienten am Pallcenter zur Uewerpallen nohalteg shoppen!
An dat an engem Second Hand Shop. D’Konzept ass sou einfach wéi effektiv: kaaft oder verkaaft héichwäerteg Géigestänn a schenkt hinnen en zweet Liewen.
D’Kleeder ginn op hier Qualitéit kontrolléiert, vun enger Partnerfirma gewäsch an am Rayon opgehaangen. Dir kritt e Voucher deen Dir a Second Hand Shop oder an der Epicerie kënnt aléisen.
An zu Bartreng mécht en neie Pall Café seng Dieren op. Hei kritt Dir net nëmme gudde Kaffi a lokal a frësch Produiten, mee Dir kënnt Är Shoppingpaus souguer op enger schéiner Terrass genéissen.