Dem Design an der Fantasie si keng Grenze gesatÄr Dramkichen op Mooss bei KicheConcept zu Bartreng

IPL - sponsored content
D‘Berodung am Geschäft gëtt just op Rendez-vous gemaach!

10/02/2021 Business News

Dir sidd amgaang ze bauen oder hutt es einfach elo genuch mat der aler Kichen? Dann ass KicheConcept op der Lonkécher Strooss zu Bartreng dee perfekte Partner fir Iech.

Op schlicht schwaarz oder wäiss matte Fronten, Gold, Keramik oder Bëton: dem Design an der Fantasie si bei KicheConcept keng Grenze gesat. Och speziell Wënsch a punkto Design loossen sech problemlos mat hirem däitsche Premium Produzent erfëllen! Gënnt Iech elo eppes neits an huelt Iech zesumme mat KicheConcept de Wow an Är Dramkichen.

D‘Berodung am Geschäft gëtt just op Rendez-vous gemaach! Huelt einfach Kontakt op mat engem vun hire Kichenexperten iwwer Telefon um 26 38 38 66 an iwwer mail op info@kicheconcept.lu. Esou verléiert Dir keng Zäit am Verlaf vun Ärem Bau oder Ärer Renovatioun. Dir kënnt hinnen och einfach Äre Plang vum Haus oder Appartement schécken an da schaffe si Iech alles op Mooss esou aus, esou wéi Dir dat gär hätt.

A wann et séier muss goen, an et misst nach eppes geännert ginn oder Dir wëllt eventuell herno zum Beispill nach eng aner Faarf eraussichen, dann ass KicheConcept ganz flexibel. De Präis gëtt dann einfach och nodréiglech sief et no ënnen oder no uewen ugepasst – ëmmer ganz fair an transparent. Op www.kicheconcept.lu an op hirer Facebook-Säit kënnt Dir Iech e Bild vun den neien Tendenze maachen.

kicheconcept.lu

Back to Top
CIM LOGO