
D’Maison du Lit zu Stroossen huet och elo Better, déi een elektresch an der Héicht ka verstellen. „Boxlike“ heeschen déi an déi gëtt et am Stoff an am Holz. D’Matratze vun deene Better sinn och op de Kante verstäerkt, esou dass een nach besser opkënnt. Entdeckt déi an all hir aner Neiegkeete beim Spezialist vum gudde Schlof.
D’Maison du Lit ass jo elo scho 4 Joer op Nummer 1 an der rue des Eglantiers zu Stroossen. Fir déi, déi et nach net wëssen: do fuert Dir op der Héicht vun der Nummer 148 op der Areler Strooss, bei Post a Spuerkeess, laanscht de Maxi-Vins eran an do hutt Dir dann och direkt am neie Quartier Parkplaze virun der Dir. D’Maison du Lit mécht Iech och Dressingen op Mooss, mat engem gratis Devis fir de Client.
Zanter 1986 bitt d’Maison du Lit individuell Léisunge fir gutt a gesond ze schlofe mat Qualitéitsmarken ewéi Vispring, Lattoflex, Schlossberg, Tempur, Swissflex, Schramm oder Auping fir nëmmen déi ze nennen. Si liwwere bei Iech heem, montéieren d’Schlofkummeren an Dir profitéiert vun der laanger Garantie. Kuckt och op facebook an op www.maisondulit.lu a profitéiert grad elo vun hire spezielle Konditiounen an de Solden.