Fir eng gesond, lokal, saisonal Ernärung, ouni Verschwendung„Changeons! Agissons!“ - eng Qualitéitsinitiativ vum René Mathieu a vum Cactus

IPL
Manner ass méi. Et muss net all Dag Fleesch sinn, mee wann, dann awer e gutt Stéck!
De Marketingchef vum Cactus Marc Hoffmann an de Stärekach René Mathieu (vlnr)
De Marketingchef vum Cactus Marc Hoffmann an de Stärekach René Mathieu (vlnr)
© Cactus

20/01/2021 Business News

„Changeons! Agissons!“ ass den Numm vun enger neier Zesummenaarbecht tëscht dem Stärekach René Mathieu, der Gesellschaft „My Roots“ an dem Cactus.

Déi Qualitéitsinitiative gouf en Dënschdeg 19.1. offizialiséiert an huet als Zil fir eng gesond, lokal, saisonal Ernärung, ouni Verschwendung, ze promouvéiere, speziell bei de Kanner a Jugendlechen. De Stärechef René Mathieu aus dem Restaurant „La Distillerie“ aus der Buerg vu Buerglënster, deen dëst Joer gläich mat 3 Titele belount gouf (Champion du monde végétal, Chef de l’année Gault-Millau an engem grénge Stär am Guide Michelin, nieft deem rouden, deen hie schonn hat) gesäit sech als Ambassadeur vun deem Projet, mat enger gesonder, equilibréierter Liewensmëttelphilosophie, déi hien och all Dag lieft.

De Cactus wëll deen nohaltege Gedanken intern u seng Mataarbechter vermëttelen an an der Kommunikatioun u seng Clienten, getrei der Devise „nëmmen dat Bescht!“. Esou kritt de René Mathieu dann och reegelméisseg eng Carte Blanche an de Cactus-Publikatioune, mat flotte Rezepter. A wéi sot de Chef gëschter zum Beispill : « Manner ass méi. Et muss net all Dag Fleesch sinn, mee wann, dann awer e gutt Stéck!“

RTL-Interview Laurent Schonckert - René Mathieu

cactus.lu

Back to Top
CIM LOGO