
Dëst Joer ass den Adventszirkus vum 29. November bis Silvester.
De Cirque du Lux um Glacis bitt eng fantastesch Kombinatioun aus akrobateschen Wonner, Bünebiller déi engem den Otem huelen, Humor an entpuppt sech als e modernen Hommage un den traditionellen Zirkus.
D’Produktioun vun dësem Joer iwwerrascht mat neien Effekter a presentéiert international Talenter an artistesch Meeschterleeschtungen.
De Cirque du Lux verzicht dobäi op d’Presentatioun vun exoteschen Déieren a konzentréiert sech op en zäitgeméisst Konzept, säin innovative Geescht a seng éischtklasseg Kënschtlerinnen a Kënschtler.
Scho fir déi 13. Kéier ass dës festlech Zirkusshow zu Lëtzebuerg a versprécht en onvergiesslechen Chrëschtspektakel fir all Alter.
Ticketen kritt der ënnert luxembourg-ticket.lu oder an der Keess.
Méi Info op