Déi richteg Finanzdecisiounen a KrisenzäitenD'Banque de Luxembourg recommandéiert d’Laangzäit-Performance

IPL
Loosst Iech vun engem vun hiere Finanzexperte beroden

18/12/2020 Business News

A wirtschaftlech onsécheren Zäiten ass et komplizéiert fir déi richteg Finanzdecisiounen ze huelen an dann ass et wichteg gutt beroden ze ginn.

2020 huet alt nees eng Kéier gewisen, dass d’Finanzmäert kee rouegt Waasser sinn. Déi vill Onsécherheete ronderëm déi sanitär Kris, grad esou wéi déi makroekonomesch a politesch Voleten, recommandéiere virsiichteg ze sinn. Mee nieft dëse villen oppene Froen, déi d’Mäert belaaschte, ginn et och richteg Opportunitéiten, déi d’Investisseuren an Zukunft kënnen notze, wa si gutt berode ginn.

2021 wäerten d’Aktie laut der Banque de Luxembourg weider e gudde Choix bleiwe mat der Aussiicht op laangfristeg Gewënner. Et muss een awer, fir dat Zil ze erreechen, a Qualitéitsfirmen investéieren, dat heescht, a Betriber, déi nohalteg kompetitiv sinn, zolidd Bilanen presentéieren an d’Präisser kënne fixéieren. Den Investisseur op senger Säit muss op laang Zäit denken a sech net vun onsécheren Elementer op kuerz Zäit oder duerch Moudeeffekter leede loossen. Et ass also am aktuelle Kontext wichteg op Qualitéitsgidder ze setzen, de Risiko am A ze behalen an op d’Laangzäit-Performance ze setzen. Loosst Iech am Beschte vun engem Finanzexpert vun der Banque de Luxembourg beroden.

Méi Detailer an de Kontakt fannt Dir op www.banquedeluxembourg.com.

www.banquedeluxembourg.com/votrepatrimoine

Back to Top
CIM LOGO