E kontrasträicht Covid-Joer:D'Brasserie Nationale zitt hire Bilan

IPL
D'Marke vun der Brasserie Nationale bleiwe weiderhi staark, an et konnt esouguer investéiert ginn.

12/02/2021 Business News

Och wann d’Brasserie Nationale noutgedrongen e katastrophale Bilan vum Covid-Joer gezunn huet, esou goufen et vu Käerjeng awer och gutt Nouvellen.

Virop emol déi, dass d’Bofferdingsbrauerei 126 nei Debiten op elo 3271 Points de venten konnt dobäi gewannen, esouguer am Kamerun an zu Narbonne. Parallel huet de Betrib sech mam Mineralwaasser Lodyss diversifiéiert an zur richteger Zäit op en zweet Päerd gesat. Heifir goufen dann och 9,5 Milliounen Euro an d’Hand geholl. Et gouf och eng nei Chaudière kaaft fir 400.000€, déi ganzer 80.000 Meter-Cube Gas aspuert, grad esou wéi 6,6 Milliounen Euro an d’Offëllhal investéiert.

Och wann d’Brasserie Nationale mat ronn 150.000 Hektoliter Béier international e klenge Fësch am Waasser ass, esou konnt de Familljebetrib mat 255 Joer Traditioun an an der 10. Generatioun sech heiheem an an der Groussregioun awer gutt géint d‘Konkurrenz aus allen Härelänner behaapten.

Mat den 3 Marke Bofferding, Battin a Funck-Bricher huet een 3 Marken an den Top 4 hei am Land. Battin kraazt esouguer un der 2. Plaz, woubäi Bofferding nach ëmmer de meescht gedronkene Béier zu Lëtzebuerg bleift.

drinx.lu

Back to Top
CIM LOGO