
Am gastronomesche Restaurant Les Roses vum Casino 2000 gëtt et eng « Passation des chefs ». De François Jagut iwwerhëlt de Bräiläffel vum Alain Pierron, deen no iwwer 20 Joer an d’Pensioun geet.
De François Jagut war scho 15 Joer un der Säit vum Chef vum fréiere Stärerestaurant – et ass also e logesche Wiessel an der Kontinuitéit, mam neie Chef senger perséinlecher Touche. Deen huet d’Kachen an der Bretagne mat an d’Wéi geluecht kritt, et duerno op der Hotelsschoul geléiert a mat Stage bei e.a. Olivier Roellinger a Marc Veyrat verfeinert.
De Loïck Martinez ass elo säi Second am Restaurant Les Roses, an deem déi zwee sech elo e Pleséier draus maache, fir frësch Produkter aus dem Mier mat lëtzebuerger Produkter ze bestueden. Hei nëmme ee Beispill : Caviar Mailian-Maïlov op engem Cannelloni mat enger Frell aus der Our a frëschem Geessekéis. An de Suggestioune proposéiert de Chef den Ament Homard, Foie Gras a Wagyu-Rëndfleesch.
Donneschdes, Sonndes a Méindes owes ass en Dîner des Gourmets mat 3 Plate vum Chef, 2 Glieser Wäin, Waasser a Kaffi fir nëmmen 58 €. De Restaurant Les Roses ass all Owend op vun Donneschdes bis Méindes vun 18h30 bis 22h30 Auer. Sonndes Mëttes gëtt och e Menü proposéiert.
D’Menüskaart fannt Dir op www.casino2000.lu an all Aktualitéiten op hirer facebook-Säit