
Den Ament ass et wichteg, sech och mol ofzelenken an ofzeschalten.
An am Plaz de Kapp an de Wolleken ze hunn bréngt Äre Shopping Center Knauf Iech héich eraus!
Mat engem VR-Helm hëlt Iech Knauf Shopping mat an de Weltraum.
Dëst ass déi perfekt Geleeënheet dës nei Technologie auszeprobéieren. Kommt Relax shoppen an entdeckt d‘Virtual Reality.
An d‘Photobooth ass och net vun dëser Welt!
Da kënnt och den Auteur Pierre-Emmanuel Paulis fir eng Autogrammstonn an de Shopping Center.
A fir déi Kleng kënnt de Space Ranger Buzz Lightyear vun Toy Story laanscht!
Natierlech ass Äre Shopping Center Knauf och e Sonndeg den 1. November fir Iech op.
Dës Aktivitéiten erwaarden Iech vum 31. Oktober bis den 8. November. De ganze Programm fannt Dir op www.knaufshopping.lu.