Neiegkeeten aus der Koffergrouf vu StolzebuergDe Stollen aus dem Stollen

IPL
Bestellt en elo

18/11/2020 Business

De Syndicat d’Initiative vu Stolzebuerg huet awer eng kreativ Léisung fonnt fir de Leit e Souvenir fir d’Chrëschtzäit aus der Koffergrouf unzebidden : E Stollen aus dem Stollen..

An Zesummenaarbecht mam Naturpark Our an der Bäckerei ‚Au croissant d’or‘ ass no engem ale Familierezept e Stollen produzéiert ginn.3 Woche laang gëtt dësen bei konstanter Raumtemperatur an héijer Loftfiichtegkeet gelagert.Doduerch kënnen d’Aromaen sech entwéckelen an et entsteet en héichwäertegt regionaalt Produkt.

De Stollen aus dem Stollen kritt dir nëmmen op Bestellung.All d’Bestellungen musse bis de 25. November, also haut an enger Woch eraginn an an engem Ëmkrees vun 20 Km vu Veianen gëtt e souguer gratis vrun d’Dier geliwwert.Dir hutt 2 Varianten zur Auswiel: et sinn ëmmer 500 Gramm, entweder dee normale Stollen fir 17€ oder ee mat Marzipan fir 19€.

Telefonsnummeren wou der e Stollen aus dem Stollen bestelle kennt fannt der op stolzembourg.lu

stolzembourg.lu

Back to Top
CIM LOGO