
Am Mäerz fänkt déi nei Orange eLeague un. Dat ass en neien nationale Championnat « EA SPORTS FIFA 21 », a Collaboratioun mat der Luxembourg E-Sports Federation (LESF) an Orange Luxembourg. Des éischt offiziell FIFA-eleague gëtt organiséiert am Kader vun den EA SPORTS FIFA 21 Global Series, bei deene sech déi 2 bescht Spiller fir d’Pre-Qualifikatioun vun den EA SPORTS FIFA 21 European Playoffs qualifizéieren.
Gespillt gëtt online FIFA 21 op der Playstation 4, ee géint een an zwee géint zwee, vu Mäerz bis Mee. Déi grouss Finale ass dann Ufank Juni a mat derbäi sinn all d’Veräiner aus der BGL Ligue an aus der Éierepromotioun. All Equipe besteet aus 2 Spiller, déi net onbedéngt eng Lizenz an deem jeeweilege Veräin mussen hunn. Si musse 16 Joer hunn, déi lëtzebuergesch Nationalitéit an zu Lëtzebuerg wunnen.
Als Präisgeld wénken op mannst 5000 €. Méi Informatiounen iwwer déi nei Orange eLeague fann Dir op www.eleague.lu.