Extra-gënschteg Konditiounen um Prêt PersonnelD'Spuerkeess: Äre Finanzpartner fir den Autofestival

IPL
Vläicht ass de Leasing Opérationnel déi ideal Léisung fir Iech?

05/02/2021 Business News

Prêt oder Leasing Opérationnel? Dës Fro stellen sech ëmmer méi Consommateure wann et heescht en neien Auto kafen. Bei der Spuerkeess hutt Dir de Choix!

Fir den Autofestival bitt d’Spuerkeess Iech erëm extra-gënschteg Konditiounen op hirem Prêt Personnel un. Dir musst awer net onbedéngt en Auto kafe, well d’Spuerkeess offréiert Iech d’Autofestival-Konditiounen och op engem Prêt fir en anere Wonsch oder Besoin ze finanzéieren.

Wann Dir just u Mobilitéit interesséiert sidd, an einfach en Auto wëllt, mat deem dir fuere kënnt, ouni Iech ëm d‘Pneuen, d‘Assurancen, d‘Revisiounen etc ze këmmeren, dann ass de Leasing Opérationnel eventuell genee dat Richtegt fir Iech.

Besonnesch beim Kaf vun engem Elektro-Auto, wou d’Viraussoe vum Reschtwäert vum Auto haut nach schwiereg ass, ass Lease Plus vun der Spuerkeess eng ganz interessant Alternativ zum Prêt. Egal fir wéi eng Finanzéierung Dir Iech entscheet, bei der Spuerkeess heescht et : Dir plangt, mir finanzéieren.

Der Spuerkeess hir Autofestival Konditioune fann Dir op www.spuerkeess.lu/festival.

www.spuerkeess.lu/festival

Back to Top
CIM LOGO