
Déi zwou lëtzebuergesch Familljenentreprisen hunn eng gemeinsam Firma gegrënnt mam Zil zu Lëtzebuerg an der Groussregioun déi éischt Adress fir touristesch Reesen ze sinn.
Voyages Emile Weber a We love to travel, also Sales-Lentz Group hunn zesumme 34 Agencë mat 130 Mataarbechter.
E verännerte Marché a Konkurrenz déi net schléift virun allem vun digitaler Natur brauch haut gemeinsam Efforte fir och an Zukunft de Clienten exzellent Reesdéngschtleeschtungen offréieren ze kennen.
Déi zwou staark Marken, We love to travel a Voyages Emile Weber bleiwen awer och an Zukunft bestoen a bidden de Clienten dee gewinnte Service un.
Nieft der traditioneller Berodung an den Agencë wäert den Travel Group Luxembourg an Zukunft méi virtuell a mobil Léisunge proposéieren.
Méi Info op emile-weber.lu an op slg.lu.