Can't Get Better Than ThisE Konschtwierk vum SUMO! am Bram

IPL
Mat eegener Kollektioun

Esou konterbont war den Hierscht bei Bram nach ni.

Mam neie Konschtstéck „Can’t get Better than this“ bréngt ee vun de renoméierste Kënschtler aus dem Grand-Duché, de Sumo! vum 30. September u Faarf an de Bram an der City Concorde.

Mat sengen onverkennbare „Crazy Bald Heads“ wéi hien se nennt, also verréckten décke Käpp stécht de Sumo! mat senger “Urban Art” eraus!

Fir all déi, déi seng Konscht nach net kennen ass et op alle Fall der Wäert laanscht luussen ze kommen.

A well et sech beim Bram jo em e Kleedergeschäft handelt gëtt et dann am Kader vun dëser Aktioun eng limitéiert Sumo!-Kollektioun déi sech Good Vibes nennt.

De Bram an der City Concorde, e Moude-Geschäft dat mat Freed an Ambitioun mat der Zäit geet!

„Cant‘ get Better than this“ vum Sumo! Vum 30. September un am Bram !

29/09/2021 Business News

Back to Top
CIM LOGO