D'Schüler aus der Hotelsschoul kache fir iwwer de WollékenEHTL goes Luxair Business-Class!

IPL
12 lecker Menüe fir d'Wantersaison
© Camille Ney

27/10/2021 Business 13h15

D’Schüler aus der Hotelsschoul vun Dikrech hunn d’Business-Class Menüe fir d’Wantersaison vun der Luxair zesummegestallt. Fir ëmmer nach besser ze ginn, an d’Qualitéit och op eng originell Art a Weis ze verbesseren, ass d’Luxair un d’EHTL eru getruede, fir déi jonk Kachtalenter aus der Hotelschoul virun den Challenge ze setze, fir Menüer fir am Fliger ze präparéieren.

Dat natierlech zesumme mat de Chefen aus dem Luxair-Catering, déi jo scho vill Erfarung mam Iessen iwwer de Wolléken hunn. Dat ass nët esou einfach, well de Goût op e puer dausend Meter Héicht changéiert (Beispill Tomatejus), d’Iessen eventuell Turbulenze muss aushalen, schéi soll ausgesinn a praktesch soll si fir z’iessen. Vu muer un a bis den 23. Mäerz 2022 kommen d’Luxair-Clienten an der Business-Class also elo an de Genoss vun deenen am Ganzen 12 Menüen, mat der passender Menüskaart derbei. Et gouf dobäi och probéiert esou vill lokal a saisonal Produkter ze verschaffe wéi méiglech, parallel zum nohaltege Gedanken un Anti-Gaspi.

D‘Hotelsschoul an d’Luxair invitéieren also esou op der Rees op eng parallel kulinaresch Rees, déi fir Business-Class-Clienten och schonn an der fonkelneier Lounge um Findel ufängt a mat där neier Fast-Lane verléiert een och keng Zäit fir all dat ze genéissen.

Interview Michel Lanners Serena Vilani Vincenzo Manzella

luxair.lu
ehtl.lu

Back to Top
CIM LOGO