Entdeckt déi ganz Emgéigend vun engem Haus, Studio oder AppartementEischt 3D-Kaart vum Grand-Duché op vivi.lu

IPL
Ganz intuitiv an einfach ze benotzen

23/10/2020 Business News

Op vivi.lu, dem Portail vun deene professionelle Membere vun der Chambre Immobilière, fënnt een neierdéngs och eng 3D-Kaart vum Grand-Duché.

Dat ass e super einfachen a prakteschen Tool mat flotte Biller fir Stroosse, Quartieren a Gemengen zu Lëtzebuerg ze kucken, mam Volume vum Relief a vun den Haiser. Dir gesitt déi ganz Ëmgéigend ronderëm déi Wunneng, fir déi Dir Iech interesséiert. Dat ass eng Première zu Lëtzebuerg!

Gitt einfach d’Critère vun Ärer Recherche op vivi.lu an an da kritt Dir eng Lëscht vun Annonce vun Haiser, Studioen oder Appartementer vun hire Memberen ugewisen. Lénks ass dann d’Kaart vun deenen Objeten, déi Dir erausgesicht hutt. A wann Dir op eng Annonce klickt, da gesitt Dir och d‘3D-Kaart mat all deem, wat ronderëm ze fannen ass: Geschäfter, Sehenswierdegkeeten asw…

D’Kaart ass ganz intuitiv a manipuléiert sech ganz einfach. Mat der Maus um Computer oder mobil mat de Fangeren kënnt Dir zoomen an d’Kaart ëm 360° dréinen fir alles ronderëm ze gesinn. Probéiert et selwer op vivi.lu!

vivi.lu

Back to Top
CIM LOGO