
De Garage Kremer um Mierscherbierg bitt och elo neierdéngs e Leasing fir Privatleit un. De Garage Kremer ass jo nach ëmmer Äre Garage fir Autoe vun der Marque Saab ze reparéieren an anengems entdeckt Dir do elo déi ganz nei Gamme vu Kia a Subaru.
Matzen am Auto-Festival gëtt jo iwwerall iwwer déi verschidde Modeller an Undriffsméiglechkeete geschwat: soll et en Hybrid sin, e Plug-In-Hybrid, en Elektreschen oder soll een awer léiwer beim Diesel oder Bensinner bleiwen. Eng Plaz wou Dir zu all dësen Theme perfekt berode gitt ass de Garage Kremer op 24 an der Allée John W. Léonard zu Miersch, wou de Philippe Mersch a säi professionellt Team Iech Ried an Äntwert sti, wann et ëm de richtege Choix vun Ärem neien Auto geet. Mat hire Marke KIA a SUBARU hu si fir jiddereen dee passende, mobillen Ënnersaz parat.
De Garage Kremer besteet elo schonn zanter méi wéi 50 Joer a kann domadder natierlech op eng riseg Experienz zeréckgräifen. A si hunn et och verstan, dass d’Mënschlechkeet e vitalen an zentrale Punkt an all hiren Aktivitéiten ass.
Profitéiert awer och grad elo vu sensationelle Festivals-Konditiounen a vu enger ganzer Rei u Finanzéierungsméiglechkeeten, e.a. also och de private Leasing, am Garage Kremer zu Miersch an op garagekremer.lu.