« Voitures hybrides et électriques - Le guide de l’utilisateur »En neie Guide vum ACL fir hybrid an elektresch Autoen

IPL - sponsored content
Wat versteet een ënner Elektromobilitéit an elektresche Motorisatiounen ? Fir wéi een Zweck eegene sech déi Gefierer ? Wéi luet een se op?

10/02/2021 Business News

Den ACL huet elo e « Guide de l’utilisateur » fir hybrid an elektresch Autoen erausbruecht. An deem äntwert den Automobile Club op vill Froen, déi sech den Ament an deem Kontext gestallt ginn.

Wat versteet een ënner Elektromobilitéit an elektresche Motorisatiounen ? Fir wéi een Zweck eegene sech déi Gefierer ? Wéi luet een se op? An där neier Broschür kréien déi iwwer 190.000 Membere vum ACL d’Äntwerten op des Froen. D‘Publikatioun « Voitures hybrides et électriques - Le guide de l’utilisateur » wëll also de Konsument objektiv an neutral informéiere, mat allen nëtzlechen Informatioune ronderëm elektrifizéiert Gefierer. Et gëtt d’Broschür an der Printversioun op franséisch an op däitsch, mee et kann een se och an der Rubrik „Médiathèque“ op www.acl.lu erof lueden.

Den Head of Mobility Technologies vum ACL, den Antonio Da Palma Ferramacho, deen des Broschür mat ausgeschafft huet, huet och viru kuerzem e Webinar iwwer déi verschidde Motorisatioune moderéiert, deen Dir och kënnt kucken op www.acl.lu/webinairemotorisation

www.acl.lu

Back to Top
CIM LOGO