
Fir de Professionalismus vum Immobiliësecteur z’ënnerstëtzen, huet d’Chambre immobilière Reunioune mat de verschiddenen Immobilieportaler organiséiert.
Dorausser ass dann e Partenariat tëschent Real Estate Media an der Chambre Immobiliere entstane mam Zil zesummen ze schaffen an esou de Professionalismus vun den Immobilienagencen zu Lëtzebuerg kënnen ze garantéieren, wourënner zum Beispill och d’Formatioun vun den Immobilienagente fält.
Och fir d’Clienten ass dës Konventioun tëscht Immotop.lu an der Chambre immobilière e wichteg Schrëtt, well dëst en Zeeche fir Sécherheet a Qualitéit ass. Méi Informatiounen heizou ginn et och op immotop.lu