
Firwat net als Kaddo emol ebësse Wuelfille schenken? Beim Masseur kënnt Dir Är Kaddosbonge ganz individuell upassen. Dat ass eng originell Iddi fir Famill oder Bekannten oder och zum Beispill fir Arbechtskolleegen eng Freed ze maachen.
Dat kann eng Spoortsmassage sinn oder eng ganz entspaanend Massage bei dem kaale Wieder.
D’Haaptkonzept vum De Masseur, ass „Är Massage op d’Mooss“, grad esou wéi dir et grad wënscht a braucht. Bei Ärem Rendez-vous kënnt Dir dann zesumme mat Ärem Masseur kucken wéieng Massage Iech am beschte geet.
De Masseur fannt Dir op 6 Platzen am Land, um Lampertsbierg, zu Gasperech, zu Zolwer, zu Beetebuerg, op der Kockelscheier an zu Miersch. Gitt och opdemasseur.lu.