Nohalteg, ëmweltfrëndlech an an d'Zukunft investéiertEng nei Photovoltaikanlag fir d'Panelux zu Rued/Syr

IPL - sponsored content
An Zesummenaarbecht mat Enovos

27/01/2021 Business News

D’Panelux zu Rued/Syr krut eng fonkelnei Photovoltaik-Anlag. Och wann 2020 e komplizéiert a mouvementéiert Joer war, esou huet d’Firma Panelux nawell Projeten developpéiert, déi an d’Nohaltegkeet, an d‘Ëmwelt an d’Zukunft vun den nächste Generatiounen investéieren.

E gutt Beispill heifir ass déi grouss Photovoltaik-Anlag um Daach vum Gebai, déi am Februar zesumme mat der Firma Enovos um Produktiounssite installéiert gouf. D‘Panelux wëll op deem Wee zu deem nationalen Objektiv vu 25% un erneierbaren Energie bis 2025 bäidroen. Elo sinn éischt Zuelen do, déi dat ënnersträichen : déi 3.396 Panelen hu bis elo 1.016.636 kWh Stroum produzéiert. Doduerch konnte 484.935 kg CO2 gespuert ginn, equivalent zur Consommatioun vun 226 Haushalter.

Also eng erfollegräich Zesummenaarbecht vun 2 stacklëtzebuerger Betriber: Enovos, den Haaptenergiefournisseur hei am Land, an de Familljebetrib Panelux, dee jo zanter 1965 e.a. ënnert der Enseigne Bäckerei Fischer 24/24 Stonne Brout, Kaffiskichelcher, Traîteursspezialitéiten a Patisserie zu Rued/Syr produzéiert.

www.panelux.lu
www.enovos.lu

Back to Top
CIM LOGO