
Am Restaurant „Les Roses“, dem gastronomesche Restaurant vum Casino 2000 zu Munneref, ass elo alles nei. Dee gëtt et elo scho méi wéi 30 Joer an elo war de Moment komm, fir emol alles eng Kéier iwwer de Leescht ze huelen.
A bei deem Exercice hunn déi Responsabel ronderëm den Direkter Guido Berghmans dunn decidéiert quarément alles nei ze maachen : d’Bannendekoratioun an d’Menüskaart ! Am September 2020 huet de Chef François Jagut jo den Alain Pierron ersat a säin neie Stil matbruecht. D’Architekte ronderëm d’Elodie Lenoir hunn dunn nach fir de komplette Relooking vum Restaurant a béides passt elo excellent zesummen! Dee ronne Sall mat de grousse Fënsteren gläicht elo engem moderne Wantergaart, mat villen natierleche Materialien a Faarwen.
Saisonal Produkter dominéieren dann och déi delikat Platen, mat engem Foie Gras de Canard tel un pot-au-feu oder déi éischt Trüffen Mélanosporum, ganz einfach presentéiert an einfach nëmmen herrlech am Goût. Wéi wier et duerno mat engem Filet de Lotte caramélisé oder dem Pigeon Royal. A fir ofzeschléissen e Schockela mat Pekannëss an Ingwerglace oder den Dessert Fruit de la Passion mam Biscuit aus der Savoie an enger Safran-Glace.
Déi ganz Kaart an déi festlech Menüe fir d’Feierdeeg fannt Dir och elo op casino2000.lu!