
Dëse Weekend gëtt d’Auer geréckelt. Mir sinn da matzen am Hierscht a vun e Sonndeg un ass et dann och nach vill manner laang hell. Dann ass ee frou, wann een zum Beispill owes no der Schaff a senger gemittlecher Wunneng op eng perfekt Beliichtung kann zielen.
A genee do kënnt da Wagner Designlighting an d’Spill! Virun Allem dëst Joer huet de Patric Wagner wonnerschéin Neiegkeete vun der Mark OCCHIO ze presentéieren an hie kënnt och gär bei Iech laanscht, fir genee ze kucke wat Är Wënsch a Besoinen a Saache Beliichtung sinn.
Dir fannt Wagner Designlighting an der Stad op der Diddenuewener Strooss an op licht.lu.