
Mat der Zesummenaarbecht stelle béid sech besser op vis-a-vis vun enger ëmmer méi grousser internationaler an digitaler Konkurrenz.
De Freelander’s, ass spezialiséiert op alles wat Fitness ubelaangt, souwéi outdoor Aktivitéiten, a sportlech Moud. 1989 gegrënnt ass Freelander’s bis haut e Familljebetrib mat mëttlerweil 6 Geschäfter zu Lëtzebuerg.
Citabel gëtt et zanter iwwer 40 Joer, mat 4 Geschäfter am Land. Do dréint sech alles em Sportaarte wéi Lafen, Liichtathletik, Wantersport a Golf a Reitsport.
Fir d’Clienten bedeiten dat eng méi grouss a méi komplett Auswiel, an Zougrëff op nach méi grousse Savoir-faire.
Gitt kucken an d’Geschäfter, oder bestellt online op freelanders.lu oder citabel.lu.
