Dëse Weekend vum 10.-12.12.2022Grousse Ski-Opening bei Asport!

IPL
Dese Sonndeg 12.12. ass op zu Angelduerf an zu Wickreng!

10/12/2021 Business News

Dëse Weekend ass dee grousse Ski-Opening bei Asport zu Angelduerf an zu Wickreng. Do entdeckt Dir all d‘Neiegkeeten an de Schi, mat ënnert anerem den Exklusivmarken Atomic an Head.

Donieft ass Skiboot Fitting dat grousst Thema dëse Weekend bei Asport: en eemolegen 3D-Scanner hei zu Lëtzebuerg moosst äre Fouss a vergläicht déi 3-dimensional Resultater vum Fouss mat alle Forme vu Skischong. Doduerch kritt den Client direkt den ideale Skischong fir säi Fouss, deen awer dann nach kann am bannenzege Schong oder der baussenzeger Schuel ugepasst ginn.

Am Gezei setzt Asport op nohalteg Marken ewéi z.B. Picture, eng vun den Exklusivmarke bei Asport. Si stellen hier Moud zu 100% aus Polyesterfaser aus recycléierte PET Fläschen hier. Picture ass eng jonk Mark, déi virun allem bei de jonke Leit duerch hiren Design an hir Ëmweltpolitik e risege Succès huet.

Entdeckt alles dat och dëse Sonndeg 12.12., well dann ass den Asport fir Iech op!

asport.lu

Back to Top
CIM LOGO