
Den INFPC organiséiert zesumme mat de Beruffskummeren a mam Ministère fir Educatioun, Kanner a Jugend den 18. an den 20. Oktober 2021 zwou Informatiounsveranstaltungen zum Thema Bäihëllefe fir d’Weiderbildung fir Privatpersounen.
Wie sech wëll weiderbilden, fir seng Kompetenzen auszebauen, seng Talenter ze stäerken oder de Beruff ze wiesselen a seng Karriär virunzedreiwen, ka Bäihëllefe fir d’Weiderbildung kréien.
Dës Bäihëllefen, déi ënner bestëmmte Bedéngunge kënnen an Usproch geholl ginn, gëtt et a Form vu spezielle Congéen (individuelle Formatiounscongé, Sproochecongé, Jugendcongé), Mesuren am Zesummenhang mat der Aarbechtszäit (perséinlechen Amenagement vun der Aarbechtszäit, onbezuelte Formatiounscongé) a spezielle Subsiden.
D’Informatiounsveranstaltungen si Präsenzveranstaltungen, déi och am Livestream iwwerdroe ginn, a sinn Méindes, den 18. Oktober, um 18:00 Auer op Lëtzebuergesch a Mëttwochs, den 20. Oktober, um 18:00 Auer op Franséisch an der Chambre des salariés, 2 - 4 rue Pierre Hentges, L-1726 Luxembourg.
D’Participatioun ass gratis, et muss een sech awer op www.lifelong-learning.lu aschreiwen.