
Et ass eng gutt Nouvelle fir all d’Fans vu KFC: De Fast-Food Ris Kentucky Fried Chicken kënnt op Lëtzebuerg.
Am Laf vum neechste Joer wäerten déi éischt zwee Restauranten vu KFC am Norden vun eisem Land opmaachen, een an der Nordstrooss Shopping Mile zu Maarnech an een am Pommerlach.
Dir kënnt Iech freeën op eng modern Ambiance, nei Rezepter - an nieft enger schéiner Terrasse kënnt dir och vun engem Drive-In profitéieren.
Laut der Grupp EuroGarages, dem Bedreiwer vu KFC zu Lëtzebuerg, läit de Potentiel bei 5-10 Restauranten an eisem Grand-Duché.