
D’Lalux feiert dëst Joer hiren 100. Anniversaire! A fir de Grënner an all deenen déi Lalux zu deem gemaach hunn wat et Haut ass, ze gedenke – gouf de Paul Zahlen, Dokter a Geschicht a Fuerscher am Lëtzebuerger Zentrum fir zäitgenëssesch an digital Geschicht, domat beoptraagt en Erënnerungsbuch zesummenzestellen. D’Buch soll d’Entstehung an de Parcours vun der Entreprise erëmspigelen. Heimadder ass natierlech och d’Lëtzebuerger Geschicht verbonnen déi e groussen Afloss op d’Entwécklung vun der La Luxembourgeoise hat an och haut nach huet. An zwee Bänner voller Erënnerungen a Fotoe gi fréier Decisiounen an Erausfuerderungen illustréiert déi d’Lalux dohi bruecht hunn wou se haut ass an d’Weiche fir d’Zukunft gestallt goufen.