Vu Méindes bis Sonndes tëscht 5 Auer Moies a 9 Auer OwesLuxair: nei Agence um Findel

IPL
Bucht och iwwert Videokonferenz

18/11/2020 Business

Luxair erweidert seng üblech Point de Ventë mat der Ouverture vun der Agence um Flughafen um Findel.Grad wéi zu Mënsbech ass dësen Espace exklusiv dem Verkaf vu Vollen a Sejoure mat Luxair a LuxairTours reservéiert.

Hei kann ee ganz abenteuerlech seng Vakanz sou richteg last minute buchen oder schonn erëm direkt an de Reesbüro wann ee frësch aus der Vakanz ass.

Vun nächstem Joer un, gëtt et en neien « sur mesure » Service, bei deem Dir vum Reesagent vu fir bis hanne begleet a berode gitt an dat a ville verschiddene Sproochen.

Vun Méindes bis Sonndes an dat vu 5 Auer Moies bis 9 Auer Owes kann een hei an aller Rou a Sécherheet seng nächst Vakanz buchen a plangen.

An fir sech net mussen ze stressen, bitt Iech Luxair e gratis Parking an der Déifgarage vum -1 bis op den -4.

Natierlech kënnt Dir Är Vakanz och iwwert Videokonferenz oder Telefon plangen.

D’Agence um Findel, esou wéi déi zu Mënsbech kréien am Kader vum neie Konzept „Luxair Travel Store“ och en neie Relooking.
Méi Info op luxair.lu

luxair.lu

Back to Top
CIM LOGO