Série Limitée vun UHT-Shakeren Schockela a Café CappuccinoLuxlait: “Supporting Partner” vun Esch2022

IPL
E spezielle Packaging mat Zeechnunge vun de Kënschtler Liz Kummer an Daniel Mac Lloyd

18/05/2022 Business 13h10

D’Luxlait ass ee vun den 8 offizielle “Supporting Partners” vun Esch2022.

Esou wéi d’Luxlait mat hiren 128 Joer, den 302 Baueren, hiren 22.800 Mëllechkéi an 172 Millioune Kilo Mëllech am Joer e gutt Stéck Lëtzebuerg ass, esou gehéieren och hir Produkter wéi de Botter Rose an de Kachkéis zu eisem Patrimoine an déi si jo och schonn dacks an der Kultur veréiwegt ginn.

De Partenariat mat Esch2022 dréint ronderëm 3 Axen: Produkter, déi dem Organisateur zur Verfügung gestallt gi fir d’Eventer am europäesche Kulturjoer an der Groussregioun, eng 300.000 Stickeren vun Esch2022 op Produiten, d‘Declinaisoun vun de Visuellen op de Luxlait-Camionen an eng Série Limitée vun all Kéier 50.000 UHT-Shakeren Schockela a Café Cappuccino.

Déi 33cl-Tetra-Päck goufe modern agekleet mat Zeechnunge vun de Kënschtler Liz Kummer an Daniel Mac Lloyd, déi hirer Kreativitéit fräie Laf konnte loossen. Entdeckt déi nei Emballagen elo iwwerall do, wou et déi gutt Luxlaitsprodukte ginn an op den Eventer vun Esch2022.

RTL-Interview mam Gilles Gérard, Nancy Braun an den Artisten

luxlait.lu

Back to Top
CIM LOGO