Zesumme mat Enovos a Cool RoofMat Planet’Match fir eng besser Ëmwelt

IPL
Cool Roof, den Europäesche Leader a Saachen Ofkillung vu Gebaier.

Match a Smatch gi schonn zanter enger Zäitche géint d’Liewensmëttelverschwendung vir, a maachen och den Appell fir Plastik a Pabeier anzespueren.

Ma dat geet Match nach net duer! Dofir stellen se elo zwou Kooperatioune mat ëmweltbewosste Partner vir!

Engersäits ENOVOS, déi se zu 100% aus gréngem
Stroum beliwweren an och elo COOL ROOF aus Frankräich, den Europäesche Leader a Saachen Ofkillung vu Gebaier.
Zanter 2015 entwéckelen si wäiss Faarwen déi d’Sonnestrale massiv reflektéieren an dofir besonnesch gëeegent si fir Diecher vu Gebaier .

Den Daach vum MATCH zu Kapellen huet mat dëser Faarf e sougenannte Killmantel kritt, eng wesentlech manner energieintensiv Alternativ zu de konventionelle Klimaanlagen. Dat verbessert dann och d’CO2 Bilanz.

Kuckt op supermarche-match.lu/planet-match

20/10/2021 Business

https://www.supermarche-match.lu/planet-match

www.supermarche-match.lu/planet-match

Back to Top
CIM LOGO