Di gréisste Modellbau Ausstellung aus dem Land an eng vun deene gréissten am DräilännereckModellbau-Ausstellung um Scheierhaff zu Zolwer

IPL - sponsored content
Op 3000 Meterkaree ass déi ganz Spart vu Modellbau vertrueden

Di gréisste Modellbau Ausstellung aus dem Land, an eng vun deene gréissten am Dräilännereck ass nächste Samschden a Sonndeg um Scheierhaff zu Zolwer.

Op 3000 Meterkaree ass déi ganz Spart vu Modellbau vertrueden. Vu Camionen, Autoen, iwwert Schëffer, Figure vun Zivil, bis zum Militär.

E puer grouss Circuite mat ferngesteierte Camionen a Baggeren, souwéi och RC Crawlere wäerte Kleng a Grouss begeeschteren.

Ob eng 80 Stänn verdeelt freeën sech Aussteller a Geschäftsleit aus Lëtzebuerg, der Belsch, Däitschland, Frankräich an Holland, hir neiste Kreatiounen ze weisen.

Dono dann nach e gudde Maufel an ee Grëff an Tombola’s Këscht

Um Scheierhaff zu Zolwer, de 26. a 27. Oktober, organiséiert vum Model Hobby Club du Sud vu Suessem.

18/10/2019 Business 1

Back to Top
CIM LOGO