
Divers a voller Faarf, esou kéint een dat neit Buch vun der National Bibliothéik beschreiwen.
Et dréit den Numm „Multiple – Vielseitig“ an et geet bei 426 Säiten hei ëm d’Zesummelëschtung vun de Konschtbicher déi an der National Bibliothéik ze fanne sinn.
Konschtbicher vu Lëtzebuergeschen Artisten an Artisten aus aller Welt.
D’Konschtbicher-Sammlung vun der BNL ass mat ronn 2.000 Exemplairen net nëmmen déi gréisste vu Lëtzebuerg mee och déi wichtegste wéinst der Qualitéit vun de Bicher an hirem Renommée.
„Multiple – Vielseitig“ kritt Dir fir 35€ an der National Bibliothéik ze kafen oder an Ärer Libraire hei zu Lëtzebuerg.
Hei den ISBN :
ISBN 978-99959-0-548-4