Entdeckt déi verschidden AarbechtsberäicherNeie Blog bei den CFL: We are CFL

IPL
4800 Mataarbechter

04/12/2020 Business

De Grupp CFL, duerch hier villfälteg Aktivitéiten, ass mat senge 4.800 Mataarbechter den zweetgréissten Employeur am Land.

D’Ziel vun der CFL ass et, de Besoine vun de Clientë gerecht ze ginn. An dofir brauch d‘CFL Talenter, mat de verschiddenste Profiller.

Fir déi talentéiert Leit, déi hannert de Beruffer stinn, kennen ze léieren, a fir e Bléck hannert d’Kulisse vun der CFL ze werfen, huet d’CFL e neie Blog, dee just een Numm kann hunn: We are CFL!

Do ginn et iwwer 30 Aarbechts-Beräicher ze entdecken, sief dat Lokféierer, Mechatroniker, Informatiker, Ingenieur, Zuchbegleeder, an nach villes méi. De Blog weist also d‘Leit, déi hire Job mat Begeeschterung maachen an esou d’Weiche fir d’Zukunft vun der CFL stellen.

Entdeckt déi grouss CFL Famill op wearecfl.lu

wearecfl.lu

Back to Top
CIM LOGO