
Mam Wonsch d’Entwécklung an Unerkennung vum Esport hei am Land z’ënnerstëtzen, ass Orange zanter dem 14. Dezember den offizielle Partner vun der Luxembourg Esports Federation, dem Lëtzebuerger Verband fir elektronesch Sportaarten, also fir Computer- a Videospiller.
Dëse Partenariat war fir Orange e logeschen nächste Schrëtt. Si huelen nämlech net nëmmen all Joer un der Luxembourg Gaming Xperience Deel, déi gréisste Foire zu Lëtzebuerg fir Gaming an nei Technologien, ma organiséieren och Gaming-Turnéier an hiren Orange Geschäfter an online.
D’Luxembourg Esports Federation wäert esouwuel finanziell, wéi materiell vun Orange ënnerstëtzt ginn a kann esou jonk Talenter fuerderen. Méi Info op orange.lu