
Metalica Home invitéiert Iech nach bis de 6. Mäerz op hier Pergolasdeeg.
Wéi den Numm vum Event et scho verréit dréint sech dann an hirem Showroom zu Esch Uelzecht alles em d’Thema Pergola.
Profitéiert vu super Aktiounen a bestaunt hei déi neiste Modeller.
Well Qualitéit bei Metalica Home grouss geschriwwe gëtt, fannt Dir hei dat Beschte vum Beschten u Materialien ewéi zum Beispill Aluminium.
Dëst garantéiert eng laang Liewensdauer an doduerch ginn d’Pergolaen och manner empfindlech.
Et kéint ee scho bal soen dass een hei och eng Innovatioun a Punkto Pergolae bestaune kann, an dat mat Pergolae mat architektonesche Flaachdiercher aus Glas.
Dëst an nach vill méi op de Pergoladeeg bei Metalica Home zu Esch Uelzecht.
Kuckt och op www.metalica.lu.