Nach bis den 13. NovemberPneuen- a Luuchtekontroll 2020 beim ACL

IPL
Gratis Kontrollen uechter d’Land, och vun der Batterie

23/10/2020 Business News

D’Campagne 2020 vun der Pneuen- a Luuchtekontroll geet nach bis den 13. November. Fir Är Sécherheet, an déi vun deenen anere, kënnt Dir Är Pneue, Luuchten an esouguer Är Batterie am ACL teste loossen.

An enger Woch huet den Automobile Club scho 681 Gefierer kontrolléiert, e.a. 116 Batterie vun deenen der 25 ganz schwaach waren. D‘Sécherheet op der Strooss läit dem ACL um Häerz. Als Rappell : dëse Weekend gëtt d’Auer geréckelt an dann hëlt d’Visibilitéit op der Strooss nach weider of. Duerfir soll den Auto technesch an der Rei sinn.

An och wann d’Gesetz e minimale Pneueprofil vun 1,6 mm virschreift, esou recommandéiert den ACL awer aus evidente Sécherheetsgrënn net mat manner wéi 4 mm ze fueren. D‘Wanterpneue si jo obligatoresch bei Glatäis, Glëtz, Schnéi oder Matsch.

D’Police wäert do och nees Kontrolle maachen an hir Campagne « Wanterzäit 2020 » dauert bis den 31. Dezember. D’Techniker vum ACL proposéiere weider gratis Kontrolle vu Pneue, Luuchten a Batterien uechter d’Land op verschidden Datumer a Plaze bis den 12. November, ëmmer vu 10h30 bis 18h00 Auer. Méi Detailer fannt Dir op www.acl.lu.

www.acl.lu

Back to Top
CIM LOGO